So laang we’s du do bast, so laang’s du mir no bast So laang wéi méng Aen, dëch nëmmen gesin So laang we’s du hei bast, so léiw an so trei bast So laang kann fir mëch ët näischt Schéineres gin Kuck all méng Gedanken, si wanken, si schwanken Si sin stéits bei dir, an ech kann nët dofir So laang we’s du do bast, so laang’s du mir no bast So laang kann fir mëch ët näischt Schéineres gin
Wann’s de heino och fort gees, fir ëmmer no Nord gees Dann solls du nët mierken méng heemelëch Träin An wann’s du géif’s froën, dann misst ech gestoën So laang we’s du do worst, so laang wor ët schéin
Et as so am Liewen: ‘t geet monsches doniewen All Stonnen déi schéin, vill ze séier verbléin Wann’s du dann no Nord gees Gleew mir, wann’s de och fort gees So laang we’s du do bast, so laang wor ët schéin