Гуру Песен Популярное
А Б В Г Д Е Ж З И К Л М Н О П Р С Т У Ф Х Ц Ч Ш Э Ю Я
# A B C D E F G H I J K L M N O P Q R S T U V W X Y Z

Thierry Van Werveke - 2 Pond de Kilo | Текст песни

Virun engem Joer hunn ech dech kenne geléiert,
E Frënd huet mer dech virgestallt an du hues mech verféiert,
Du waars esou reng an du waars esou pur,
Eng Prise vun dir geet mir haut net méi duer.

Déi éischt Nuecht mat dir war phenomenal,
Keen A zougedréckt, 't war eis alles egal,
Ech hu mer dech eragezunn, am Ufank ganz lues,
An haut weess ech genee, d'Léift geet duerch d'Nues.

Du bass mäi Frënd, mäi Brudder a mäi Papp,
Du gees mer an d'Blutt, du gees mer an de Kapp.
Du bass meng Fra, meng Schwëster a meng Mamm,
Ech bezuelen dech op d'Gewiicht, 3 Mill de Gramm.

Mat kengem virdrun hunn ech mech sou gutt gefillt,
Am Ufank hu mer Fänkches a Stoppches gespillt,
Mee haut bass de mäin, ech hunn dech an der Täsch,
A säit ech dech kennen, falen ech net méi an d'Fläsch.

Lues a lues hu mer eis unenee gewinnt,
Du hues mer alles ginn, du hues mech verwinnt,
Gëff mer méi, gëff mer méi, 't ass ni ze spéit, ni ze fréi,
Komm heihin, gëff mer alles, gëff mer de Rescht an da géi.

Du bass mäi Frënd, mäi Brudder a mäi Papp,
Du gees mer an d'Blutt, du gees mer an de Kapp.
Du bass meng Fra, meng Schwëster a meng Mamm,
Ech bezuelen dech op d'Gewiicht, 3 Mill de Gramm.

Haut sinn ech ofhängeg vun dir, ech kommen net méi lass,
Ech spire mech just nach gutt, wann s du bei mir bass,
Aus der Léift gouf Gewunnecht, aus der Gewunnecht eng Sucht,
Ech kréien dech net méi aus dem Kapp erausgepucht.

En Zuch ass entgleist, den Zuch vum Entzuch,
Nach e klenge Versuch, ech kréien net genuch.
Ech stinn am Labyrinth an ech weess,
Ech sichen no der Quadratur vum Däiwelskrees.

Du bass mäi Frënd, mäi Brudder a mäi Papp,
Du gees mer an d'Blutt, du gees mer an de Kapp.
Du bass meng Fra, meng Schwëster a meng Mamm,
Ech bezuelen dech op d'Gewiicht, 3 Mill de Gramm.

Thierry Van Werveke еще тексты


Видео
Нет видео
-
Оценка текста
Статистика страницы на pesni.guru ▼
Просмотров сегодня: 5